Elektrifizéierung vun de Schoulen an der Regioun vun Thiès a Verbesserung vun de Konditiounen, ënnert deenen d’Kanner léieren
Zuel vun de Beneficiairen : 10 000 Schüler a Schülerinnen
Dauer vum Projet : 2020/2023, 4 Joer
Uert : Regioun vun Thiès, Senegal
Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère
Lokale Partner
Bei der EEDS handelt et sech ëm eng Entwécklungs-NRO, déi 1936 gegrënnt gouf an déi an alle Regioune vum Senegal aktiv ass. Si huet am Joer 1988 d’JED an d’Liewe geruff, déi sech genee wéi d‘EEDS un de Valeure vum Scoutismus inspiréiert an am Déngscht vun der Gemeinschaft steet, awer mam Fokus op déi Jonk. D‘Missioun vun der JED ass et, zur Verbesserung vun der Liewesqualitéit vun de Leit bäizedroen, besonnesch an de Beräicher vun der Gesondheet, der Bildung, der sozioökonomescher Aglidderung an dem Ëmweltschutz. Dobäi bereet si déi jonk Leit op hir Roll als aktiv a responsabel Bierger vir, an Zesummenaarbecht mat den Eclaireuses et Eclaireurs du Sénégal.
Kontext
An der Regioun vun Thiès hu vill Schoulgebaier keen Zougang zur Elektrizitéit. Déi Situatioun dréit net dozou bäi, datt d’Kanner sech gutt entwéckelen an uerdentlech Schoulresultater hunn. An de leschte Joer gouf souguer festgestallt, datt den Niveau vun de Schüler op eng beonrouegend Manéier ofgeholl huet. Dobäi kënnt och nach, datt d’Zesummenaarbecht tëscht den Elteren, déi selwer oft Analphabete sinn, an de Schoulen net gutt funktionéiert. D’Eltere spillen awer eng wichteg Roll a sollen sech zum Wuel vun hire Kanner bei der Gestioun vun de Schoulen mathëllefen.
D’Missioun
De Projet soll dozou bäidroen, datt d’Kanner aus der Regioun en Zougang zu enger besserer Educatioun kréien, mat gudde Konditioune fir ze léieren. Dat soll duerch qualitativ héichwäerteg Service-Leeschtungen, wéi d’Elektrifizéierung vun de Schoulen, erreecht ginn an erlaben, datt d’Kanner méi laang an d’Schoul ginn an hir Leeschtunge sech verbesseren.
D’Akivitéiten
- d’Schoulen an déi bedierfteg Famillje ginn identifizéiert
- d’Schoulen an d’Famillje gi mat solarbedriwwenen elektresche Luuchten equipéiert
- déi jonk Leit an d’Schüler/inne ginn ugeléiert, fir den Ënnerhalt vun de Solaranlagen ze maachen
- d’Schoule ginn nei amenagéiert : Spillplazen, Ofgrenzungen, Uplanze vu Beem …
- fir déi schwaach Schüler/inne gëtt e Programm fir pedagogesch Nohëllef ausgeschafft
- d’Kanner ginn am Etat civil agedroen
- d’Gemeinschaft vun de Beneficiairen, d’Eltere vun de Schüler/innen an déi lokal Autoritéite gi sensibiliséiert fir den Ënnerhalt vun de Solaranlagen a fir datt d’Kanner méi laang an d’Schoul ginn; Grënnung vu Gestiounscomitéen an de Schoulen
D’Beneficiairen
10 000 Schüler/inne aus der Regioun vun Thiès, 60 Schoulen, 80 000 Elteren, 7 500 Acteuren aus dem Bildungswiesen
Faire un don pour l’électrification des écoles de la région de Thiès
BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200