Noutfallmesuren zu Gonschte vun de vulnerabele Populatioune vum Senegal, Kenia, Sri-Lanka a Madagaskar am Kampf géint d’Pandemie vum Coronavirus vum Joer 2020
Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 72 052 Persounen
Dauer vum Projet : 18 Méint
Uert :
Senegal: Gemenge vu Matam, Mboro, Guinaw rail Nord, Thylla, Saloumdelta
Kenia : Bidonville vu Mathare, Kibera an Dandora
Madagaskar : Gemenge vun Anosiala an Ambohitratrimo
Sri Lanka : Nuwara Eliya, Batticaloa
Lokal Partner
Senegal : Jed, Jappo, Nebeday, Waranka
Kenia : Dadreg, Kgsa, Lec
Madagaskar : Cadri, AAA
Sri-Lanka : Mencafep
Kontext
Zënter Dezember 2019 huet sech d’Pandemie vum Coronavirus Sars-CoV-2, déi d’Krankheet COVID-19 verursaacht, vu China aus a bal all Länner vun der Welt verbreet. No 3 Méint, géint Enn Mäerz, goufen iwwer 25 000 Stierffäll an der Welt gezielt, déi meescht dovun an den Haaptregioune vun der Kontaminatioun; Länner an Asien (China, Korea) an Europa (Italien, Frankräich, Spuenien). Kuerz drop goufen och déi éischt Infektioune mam Coronavirus an enger Rei vun afrikaneschen a südamerikanesche Länner festgestallt. D’Epidemie kéint an deenen aarme Länner Dausenden oder Millioune vu Liewe kaschten an déi sozial a wirtschaftlech Entwécklung staark zeréckwerfen.
D’Missioun
Allgemengt Zil : Déi vulnerabel Populatiounen an deenen 3 Länner, wou d’PADEM aktiv ass (Kenia, Madagaskar a Senegal), géint d’Ausbreedung vum Covid-19 schützen an d’Versuergung mat Liewesmëttel an den isoléierten Zone sécheren.
Spezifescht Zil : Am Kampf géint d’Epidemie d’Communautéite sou séier wéi méiglech mobiliséieren, an déi sanitär a sozio-ekonomesch Auswierkunge fir déi betraffe Populatiounen kleng halen.
D’Aktivitéiten
- Sensibiliséierung an Informatioun wat d’Geste-barrièren ugeet
- Verdeelung vu Päckelcher mat Hygiènes-Produiten (Masken, Seef, hydro-alkoholesche Gel, Drénkwaasser …) un déi äermste Familljen
- Verdeelung vu Päckelcher mat Liewensmëttel un déi Famillje mat dem héichste Risk
- Wirtschaftleche Relancement fir déi kleng individuell Entreprisen, déi wéinst der sanitärer Kris an der Faillite sinn
D’Beneficiairen
72 052 Beneficiairen