Nouthëllef fir d’Betreiung vun de Kanner am Akany Avoko Zenter op Madagaskar, déi ënnert de Suitte vun der Covid-19 Pandemie an den Zyklone leiden.

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 40 Kanner

Dauer vum Projet : 2022 / 10 Méint

Uert : Antananarivo, Ambohidratrimo, Madagaskar

Lokale Partner

D’AAA (Akany Avoko Ambohidratrimo) ass eng Associatioun, déi hiren Zenter am Joer 1964 opgemaach huet. Den Zenter betreit 150 mannerjäreg Kanner, déi a Gefor waren (verloossen, mësshandelt Kanner, Affer vu sexueller Gewalt…) an déi vum Kannerriichter dohinner placéiert goufen. D’Missioun vum Zenter besteet doranner, d’Kanner ze schützen, fir hir Educatioun an/oder berufflech Ausbildung ze suergen, hinnen en Ënnerdaach, Iessen a Fräizäitaktivitéiten ze bidden a sech em hir Gesondheet an eng gutt Hygiène ze këmmeren.

Kontext

Zu Madagaskar hunn déi sozio-ekonomesch Schwieregkeeten duerch d’Auswierkunge vun der Covid-19 Pandemie däitlech zougeholl. Dobäi koum och nach, datt am Januar a Februar 2022 zwee staark Zyklonen iwwer d’Zentralregioun gezu sinn: den Zyklon Ana, dee schwéier Iwwerschwemmungen an den aarme Quartiere verursaacht huet, an den Zyklon Batsirai, dee ganz vill Schued un den Haiser an op de Felder, besonnesch op de Räisfelder, gemaach huet.

Vill Elteren, déi scho virdrun an enger prekärer Situatioun gelieft hunn, kënnen hirer Verantwortung net méi gerecht ginn a verloossen hir Kanner. Et gëtt och Fäll vu Kanner, déi zu Weesekanner gi sinn.

Am AAA-Zenter sinn normalerweis 150 Kanner ënnerbruecht. Zënter den Auswierkunge vun der Pandemie an de rezenten Zyklonen huet den Zenter misse 40 zousätzlech Kanner ophuelen, dat sinn elo am Ganzen 190 Kanner. An der Moyenne ginn all Mount 3 Kanner placéiert. Bis Dezember 2022 kéint d’Zuel vun de betreite Kanner op méi wéi 200 klammen.

Wéinst der Drénglechkeet, fir déi zousätzlech Kanner opzehuelen, huet den Zenter seng Raimlechkeete missen upassen. Dës Situatioun stellt awer déi ganz Missioun vum Zenter a Fro, well et feelt u Personal an u materiellen a finanzielle Mëttele, fir dat deeglecht Iessen, d’Kontinuitéit vun der Ausbildung an en adequaten Ënnerdaach vun de Kanner ze garantéieren.

D’Missioun

D‘Grondbedierfnesser an d‘Wuelbefanne vun deene 40 Kanner garantéieren, déi op Grond vun der Covid-Pandemie an dem Passage vun den Zyklonen Ana a Batsirai, rezent am Akany Avoko Zenter placéiert goufen. Et geet och drëm ze verhënneren, datt d’Betreiung vun de Kanner sech generell verschlechtert.

Aktivitéiten

Fir d’Besoine vun deene 40 Kanner suergen, déi nei am Zenter opgeholl goufen:

  • deeglecht Iessen
  • gutt Better a Bettgezei
  • eng adequat pedagogesch Betreiung

Beneficiairen

40 Kanner, déi op Grond vun der Covid-Pandemie an dem Passage vun den Zyklonen Ana a Batsirai nei am AAA-Zenter placéiert goufen.