Kampf géint Diskriminatioun an de Schutz vun de Rechter fir de Besetz fir d’Minoritéiten am Kosovo

Status: Ofgeschloss | Zuel vu Beneficiaire : 5 900 deenen hir 900 direkt beneficiaire

Lafzäit vum Projet : 2004 – 2010

Lokal Partenairen

D.E.A Mitrovica, Democratization, Education, Advocacy, lokal ONG, gegrënnt vu fréiere Salariéë vu PADEM am Kosovo.

Problematik

Et besteet ëmmer nach eng Feindschaft tëscht de Leit aus Albanien a Serbien. Des Situatioun féiert dozou, dass aner Gemeinschaften, wéi z.B déi vun de Roma, net genuch geschützt ginn. Virun allem d’Roma awer liewen an enger schwiereger Situatioun.
D’Serbe gesinn sech an hire Grondrechter, spréch, d’Fräiheet dohin ze goe wou se wëllen oder an hirer Meenungsfräiheet blesséiert. Diskriminatioun an Intoleranz géint Persounen di Minoritéiten ugehéieren huele keen Enn.
Angscht em d’Sécherheet, schlecht Chancen an der Beruffswelt a Problemer fir un den eegene Besetz ze kommen (virun allem Immobiliebesetz) mëscht et de, wéinst den ethneschen Ausernanersetzungen, relokaliséierte Leit schwéier bis onméiglech zeréck heem ze kommen.
Zwar gëtt et am Kosovo déi néideg Gesetzer, wéi zum Beispill eng Kader-Reegelung fir Minoritéiten ze schützen oder en Anti-Diskriminséierungsgesetz, des ginn awer just seelen a Gebrauch geholl.
D’Anti-Diskriminéierungsgesetz accordéiert wichteg Garantië géint direkt an indirekt Diskriminatiounen am ëffentlechen an am private Raum. D’Gesetz ass allerdéngs just seele fir d’Minoritéiten applizéiert ginn. Dat läit entweder um Manktem u Sensibiliséierung oder un de Problemer iwwerhaapt vum Rechtssystem profitéieren ze kennen (Dozou gehéiert zum Beispill de Mangel u juristescher Ënnerstëtzung)
Persounen di Minoritéiten ugehéiere sinn am Rechtssystem bei wäitem net genuch representéiert. Virun allem ënnert de Riichter oder anerem Personal, doduerch ass et schwiereg fir d’Minoritéiten, vertrauen an dëse Rechtssystem opzebauen. Betraffen Persounen hunn et schwéier e Mëttelsmann ze fannen, deen sech em hier juristesch Froen a Problemer ka këmmeren. De Gros vu Fäll vun Diskriminatioun, Feindséilegkeet, a Bedreeung gëtt der Police net gemellt. Och dat suergt nees fir e schlecht Vertrauensverhältnes zum Rechtssystem.

Ziler/ Aktivitéiten

D’Zil vum Projet war et, d’Rechter vun de relokaliséierte Minoritéite vu Leposavic a Mitrovica ze schützen.

Aktivitéiten:

  • Juristesch Berodung fir géint Diskriminatiounsfäll vu Minoritéite virzegoen: Zougang zum Beruff, Fräiheet sech ze deplacéieren, Meenungsfraiheet….
  • Juristesch Hëllef punkto Immobilien a Besetz:
    • D’Sammele vun de Besetz-Pabeieren
    • Juristesch Vermëttlung fir dass di individuell Rechter respektéiert ginn, oder fir de Verkaf vum perséinlechen Immobiliebesetz méiglech ze maachen
    • Organiséiere vun Informatiouns- an Ausbildungsseminaren
    • Networking tëscht de juristeschen Haaptacteuren am Norde wéi och am Süden, dat fir rechtlech Problemer punkt Besetz ze léisen

Beneficiaire

  • Direkt Beneficiaire: 900
  • Indirekt Beneficiaire: Ongeféier 5000 Persounen