En Zougang zur Educatioun an zu qualitativ héichwäertege Wunnenge fir jiddereen am Busia County

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vun de Beneficiairen : 3.000 Persounen

Dauer vum Projet : 3 Joer

Uert : Dierfer vun Alupe, Angorom, Amerikwai an Aget, Busia County, Kenia

Logo de la fondation abbé pierre

Lokale Partner

D’LEC (Legacy Education Center) ass eng Institutioun ouni Gewënnzweck, déi 2010 gegrënnt gouf, fir Aktiounsprogrammer opzestellen, déi d’Fraen an déi jonk Leit stäerken an autonom maachen a Bildungschancë schafe fir déi am meeschte benodeelegt Kanner aus der Communautéit vum Bidonville Mathare. Et handelt sech ëm eng gemeinschaftlech Organisatioun, déi bei der kenianescher Regierung ënnert der Nummer KAS / CBO /5/4/2012/495 enregistréiert ass. Hir Direktioun besteet aus zwee Memberen (Leah Nyalobo a Sarah Rono), déi vun der  Kenianescher Regierung autoriséiert an duerch den uewe genannte Certificat mandatéiert sinn, fir déi Roll z’iwwerhuelen.

D’LEC huet scho verschidde Projeten zu Mathare duerchgefiert, dorënner:

  • De Programm fir de schoulesche Sponsoring vun de Kanner
  • De Programm Safisha Kijiji (Haalt Äre Bidonville propper)
  • De Projet, fir datt all d’Meedercher zeréck an d’Schoul komme sollen
  • De Projet fir d’Entwécklung vu Kompetenzen am Entreprenariat
  • De Projet fir méi Autonomie fir d’Kanner duerch de Sport.

D’Fro vum Wunnraum gouf och scho virdru vun der LEC opgegraff. D’Associatioun huet e Renovatiounsprojet fir Wunnengen zu Gonschte vun de Wittfraen an de vulnerabelste Familljen am Busia County, am Oste vu Kenia, ëmgesat. Dëse Projet gouf méiglech gemaach duerch lokal Spendenaktiounen an d’Zesummenaarbecht vun de lokalen Autoritéiten. Zesummen hunn se och temporär Opfaangstrukturen ageriicht, besonnesch zu Gonschte vun den Iwwerschwemmungsaffer. D’Membere vun der LEC schaffen zënterhier an enker Zesummenaarbecht mat dësen Autoritéiten, déi besonnesch u si eruntrieden, fir  Berodungsservicer unzebidde fir Populatiounen, déi Affer vu GBV (Gender-based violence, Geschlechterbaséierter Gewalt) goufen. Well d‘GBV ganz present an der Regioun ass a sech op den Alldag an d’Liewenskonditioune vun de Populatiounen auswierkt, ass d’Ënnerstëtzung duerch déi lokal Autoritéiten och néideg, wat de Wunnraum ugeet.

Kontext

De Kenia erlieft säit bal engem Joerzéngt e staarke wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem. Allerdéngs gouf déi demographesch Entwécklung vu groussen Ongläichheete begleet.

De politeschen Iwwergang, deen am Joer 2003 initiéiert gouf, war e Faktor vu Verännerung an Entwécklung an huet dem Land eng gesond Wirtschaft bruecht. Kenia huet sech domat Infrastrukture verschaaft, besonnesch duerch de Bau vu Stroossen an Eisebunnslinnen.

Zur selwechter Zäit gouf am Land en exponentiellen urbane Bevëlkerungswuesstem observéiert (+ 2.2% pro Joer tëscht 2009 an 2019), deen zu den héichsten op der Welt zielt. Zum Beispill huet sech der Haaptstad Nairobi hir Populatioun a 15 Joer verduebelt, an Nairobi ass haut eng vun de gréisste Metropolen an Afrika, mat méi wéi 8,3 Milliounen Awunner. Et gëtt erwaart, datt hir Populatioun sech bis 2035 nees verduebelt a bis 2050 verdräifacht.

Allerdéngs ass dës Entwécklung net favorabel fir jiddereen: bal d’Hallschent vun der kenianescher Bevëlkerung lieft haut ënnert der Aarmutsgrenz an a schlechte Liewensbedingungen.

Sou gëtt de Busia County, laanscht d’ugandesch Grenz ganz am Weste vum Land, zu den äermste Regiounen am Kenia gezielt; den Undeel vun den Aarmen erreecht 60% vun der Bevëlkerung, wärend deen Taux op nationalem Plang bei 44% läit. De Busia County huet eng Populatioun vu bal 900.000 Awunner, vun deenen d’Hallschent (48%) Kanner a jonk Leit sinn. An der Regioun sinn d’Liewenskonditioune schwéier, d’Akommes ass ongewëss, an d‘Perspektive fir d’Zukunft si limitéiert. D‘Landwirtschaft, d‘Fëscherei an den Handel, also déi haaptsächlech wirtschaftlech Aktivitéiten, si vum Klimawandel betraff, wouduerch d’Famillje leiden, déi ëmmer méi mat der Aarmut konfrontéiert ginn.

D’Missioun

Allgemengt Zil: zu enger nohalteger Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de vulnerabelste Persounen am Kenia bäidroen

Spezifescht Zil: en Zougang zu Ausbildung a sécherem Wunnraum fir déi vulnerabelst Persounen am ländleche Raum vum Busia County schafen

Aktivitéiten

  • adequat Kapazitéiten entwéckele fir d’Preventioun vu GBV fir 50 Familljen: Identifikatioun vu de betraffene Familljen, Ënnerstëtzung fir d’Entwécklung vun Aktivitéiten, déi en Akommes erlaben, Bewëllege vu Mikrokreditter, déi de Finanzement / d‘Renovatioun vu Wunnengen erlaben, Sensibiliséierung, wat déi geschlechterbaséiert Gewalt ugeet a Visitten  doheem, Kapitaliséierung
  • e Modell entwéckele fir hygienesch Praktiken a Kapazitéiten am County: Renovatioun vun Duschen an Toilettë fir 40 Familljen a vun 2 Sanitärbléck an enger Primärschoul fir 800 Schüler, Renovatioun vun Duschen an Toiletten op engem lokale Maart fir ronn 500 Persounen, Bau vu Duschen an Toilettë fir 10 Familljen, Formatiounscampagnë fir eng besser Hygiène fir déi ganz Communautéit, Kapitaliséierung

Beneficiairen

3.000 Beneficiairen, dovunner 100 Familljen, 800 Schüler aus enger Schoul an 1.500 Gemeinschaftsmemberen