En Zougang zu sécheren a gesonde Wunnenge fir jiddereen zu Kibera

Stand vum Projet : Am Gaang | Zuel vu de Beneficiairen : 5.207 Persounen

Dauer vum Projet  : 3 Joer

Uert : Bidonville Kibera, Nairobi, Kenia

Logo de la fondation abbé pierre

Lokale Partner

D’Kibera Girls Soccer Academy (KGSA), den éischte kenianesche Partner vum PADEM (2007), war ursprénglech eng Initiativ vun engem Nairobier, deen zu Kibera opgewuess ass: den Abdul Kassim, Telekommunikatiounsingenieur. Op Grond vu senge Liewenserfarunge wollt hien eng Initiativ starten, fir d’Gläichberechtegung vun de Geschlechter ze fërderen an d’Geschlechtsnormen am Kenia ze briechen.

D’KGSA bedreift haut eng gratis Secondairesschoul fir 130 Meedercher am Alter vun 12-18 Joer. Well se sech bewosst ass, datt d’Ongläichheeten tëschent de Geschlechter iwwerall zu Kibera  present sinn (fréi Hochzäiten a Schwangerschaften, Schoulofbroch  asw.), huet d’ONG e Programm fir d’Integratioun vun de Meedercher duerch de Fussball gegrënnt. D‘KGSA bedreift och eng méi kleng gemëschte Schoul.

Duerch dës Aktioune konnt d’KGSA e séchere Liewensraum fir déi jonk Meedercher vu Kibera schafen a gouf vun der Gemeinschaft unerkannt. Déi jonk Frae konnten hir Ausbildung verbesseren an hiert Beispill weist anere jonke Meedercher, datt Ännerunge méiglech sinn.

Zousätzlech huet d’KGSA Erfarung mat Wunnengsprojeten, besonnesch mam UN-Habitat (dem Programm vun de Vereenten Natioune fir mënschlech Siidlungen). D’ONG konnt op d’Erfarunge vu fréiere  Realisatiounen zeréckgräifen, fir Lektiounen doraus ze zéien. Si huet och eng Schoul gebaut , wat eng aner wichteg Erfarung mam Bauen duerstellt.

Kontext

De Kenia erlieft säit bal engem Joerzéngt e staarke wirtschaftlechen an demographesche Wuesstem. Allerdéngs gouf déi demographesch Entwécklung vu groussen Ongläichheete begleet.

De politeschen Iwwergang, deen am Joer 2003 initiéiert gouf, war e Faktor vu Verännerung an Entwécklung an huet dem Land eng gesond Wirtschaft bruecht. Kenia huet sech domat Infrastrukture verschaaft, besonnesch duerch de Bau vu Stroossen an Eisebunnslinnen.

Zur selwechter Zäit gouf am Land en exponentiellen urbane Bevëlkerungswuesstem observéiert (+ 2.2% pro Joer tëscht 2009 an 2019), deen zu den héichsten op der Welt zielt. Zum Beispill huet sech der Haaptstad Nairobi hir Populatioun a 15 Joer verduebelt, an Nairobi ass haut eng vun de gréisste Metropolen an Afrika, mat méi wéi 8,3 Milliounen Awunner. Et gëtt erwaart, datt hir Populatioun sech bis 2035 nees verduebelt a bis 2050 verdräifacht.

Allerdéngs ass dës Entwécklung net favorabel fir jiddereen: bal d’Hallschent vun der kenianescher Bevëlkerung lieft haut ënnert der Aarmutsgrenz an a schlechte Liewensbedingungen.

Esou gëtt dësen demographesche Wuesstem zu Nairobi haaptsächlech an de Bidonvillen observéiert, déi sech an de Banlieuen ausbreeden. Et gëtt geschat, datt haut ongeféier 2.5 Millioune Mënschen do an extreme Konditioune vu Prekaritéit an Onsécherheet wunnen.

Zwee Bidonvillen, Mathare a Kibera, si besonnesch betraff. Si sinn iwwerfëllt (mat 60-70% vun der Bevëlkerung vun Nairobi op nëmme 6% vun der Fläch vun der Stad) a besti gréisstendeels aus provisoreschen Haisercher, an deenen d’Familljen zesummegepercht wunnen, ouni Zougang zum Drénkwaasser, ouni Toiletten, Elektrizitéit an Hygiène an dozou nach an enger permanenter Onsécherheet. Dat huet och Auswierkungen op déi sozial, gesondheetlech a pedagogesch Entwécklung vun de Kanner, déi dacks Affer vu geschlechterbaséierter Gewalt ginn, genee wéi hir Mammen an / oder fréi bestuet gi wéinst der Aarmut vun hiren Elteren.

Dës Bidonville sinn also Plazen, déi gepräägt si vun Zerfall, Verschmotzung, illegalem Handel, Milizen, Gewalt a sexueller Gewalt  an enger laissez-faire Haltung vun den Autoritéiten. Eng Situatioun déi kuerzfristeg all Forme vun nohalteger an harmonescher Entwécklung vun de Populatioune gefäerde kann.

D’Missioun

Allgemengt Zil: zu enger nohalteger Verbesserung vun de Liewenskonditioune vun de vulnerabelste Persounen am Kenia bäidroen

Spezifescht Zil: en Zougang zu sécherem Wunnraum fir déi vulnerabelst Leit am Bidonville Kibera zu Nairobi schafen

Aktivitéiten

  • e pilot Wunnengsverbesserungsmodell entwéckelen: Bau vun engem Gebai mat 17 neie Wunnenge fir 17 Familljen, Grënnung vun engem pilot Gemeinschaftsgrupp, Renovatioun an Ekipement vu 50 Haiser duerch d’Bedeelegung vum Grupp, Kapitaliséierung
  • e Modell entwéckele fir hygienesch Praktiken a Kapazitéiten: Bau / Renovéierung vun 2 Sanitärbléck fir d’Pilotgemeinschaft a vu 4 ëffentleche Sanitärbléck souwéi Ekipementer fir d‘Waasserversuergung (Krinn, Leitungen, elektresch Waasserpompelen), Sensibiliséierung vun der Gemeinschaft fir d‘Hygiène, den Zougang zum Waasser an d‘Ofwaasserentsuergung, Verbesserung vum urbanen Ofwaassersystem an Organisatioun vun enger gemeinschaftlecher Offallsammlung, déi vun de jonke Leit aus dem Bidonville geréiert gëtt (Ekipement [Offallcontainer, Transporter, Kleedung, asw.] an Ausbildung vu jonke Leit), Kapitaliséierung
  • e Modell entwéckele fir Sécherheetspraktiken: Installatioun vun engem ëffentleche solare Beliichtungssystem, Pompjeesausrüstung (Läschmëttel, Pompjeesschläich) an Training fir d’Brandpreventioun, Sensibiliséierung vun de  Familljen fir sexuell Gesondheetsrechter an de Kampf géint de Kannermëssbrauch, fir datt si Fortschrëtter maache bei der Preventioun vu sexuellem Mëssbrauch souwéi bei der Identifikatioun a beim Signalement vu Gewalt géint Kanner, Remuneratioun fir d’Bewaache vum Gebai, Kapitaliséierung
  • d‘Beneficiairen an d’Acteure vum Pilotprojet responsabiliséieren:  dës Modeller sollen un aner Gruppe vu Beneficiairen iwwerdroe ginn, déi Spuergruppe bilden an déi ausgebilt an ekipéiert ginn, fir Aktivitéiten z’entwéckelen, déi en Akommes erméiglechen; Grënnung vun engem Geschäftskapital fir d’Konstruktiouns- / Renovéierungsaarbechte vun dësen anere Gruppen.

Beneficiairen:

5207 direkt Beneficiairen, dovunner:

  • 67 Familljen, déi nei Wunnenge kréien oder deenen hir Wunnenge renovéiert ginn
  • 50 Familljen, déi vun enger Verbesserung vum Sanéierungssystem profitéieren (Drainage an Offallverwaltung)
  • 50 Familljen, déi vun enger besserer Sécherheetssituatioun an hiren Haiser an an de Stroosse vun de Bidonville profitéiere wäerten
  • 35 jonk Schoulofbriecher kréien eng Ausbildung an der Gestioun vum Offall, déi et hinnen erlaabt,  eng Aktivitéit z’entwéckelen, déi en Akommes erméiglecht
  • 4000 Gemeinschaftsmemberen, déi vun der  Massesensibiliséierung oder der Renovéierung / der Ariichtung vun ëffentlechen Infrastrukture profitéieren

28.000 indirekt Beneficiairen