Accès zu propperem Drénkwaasser a Bau vu Sanitäranlage fir t’Kanner aus Homa Bay County

Stand: fäerdeg gestallt | Unzuel vu Beneficiairen: 765 Kanner  africanchild_logo

Interventioun: Otaro, Homa Bay County

Lokale Partenaire:

African Network for the Prevention and Protection against Child Abuse and Neglect (ANPPCAN)

Problemer op der Plaatz:

  • Vun de 45. Milliounen Awunner a Kenia sinn t’Halschent Kanner a Jugendlecher am Alter vu 0 an 18 Joer.
  • Am ganze Land huet nëmmen Een Drëttel vun den ëffentleche Schoulariichtungen Accès zu propperem Drénkwaasser a Latrinen

Beneficiairen:

photoshop KEN15 765 Schüler aus de Schoulen aus Otaro:

  • 301 Schüler aus der Primaireschoul (am Alter zwësche 5 a 14 Joer)
  • 464 Schüler aus dem Lycée (am Alter zwësche 15 a 19 Joer)
  • Elteren an Duerfgemeinschaft profitéiere vum Waasser, dat se kafe kennen.

Aktivitéiten:

An dësem Projet ass virgesinn:Renovéierung a Konstruktioun vun:

  • Toiletten a Lavaboen an der Primaireschoul an am Lycée vun Otaro
  • Eng Waasserpompel fir t’Schüler a Awunner am Duerf
  • Bau vun enger Citern an all Schoul

Virgesinn ass och:

  • Grënnung vu engem Comitée den sech fir t’Erhalung vun der Infrastruktur këmmert
  • Ateliere fir t’Opklärung vun Hygiènesfroe fir t’Schüler an Awunner vum Duerf
  • Opklärungsworkshops iwwert Mënscherechter
  • Bau vun engem Büro fir t’Versuergung vu de Kanner am Fall wou e Problem sollt sinn (Gewalterfahrung, Mëssbrauch asw.)