Zougang zu propperem Drénkwaasser fir Dierfer an der Wüst vun Thar am Rajasthan

Stand : Ofgeschloss | Unzuel vu Beneficiairen: 12 125 Persounen

Lafzäit vum Projet : 2011/2019

Interventioun: an der Wüst vum Thar

Lokale Partenaire: Maharaka Hanwant Singhji Charitable Trust

Problemer op der Plaatz:

  • Awunner aus Indien representéiere 16% vun der Weltbevëlkerung, gläichzäiteg huet Indien nëmme 4% vu weltwäit  drenkbare Waasserreserven
  • Besonnesch an der Thar Wüst gëtt et e Mangel un Waasser. Et reent net genuch fir Iessen unzebauen; Landwirtschaft an Déiere leiden drënner. Ernährungssituatioun verschlëmmert sech.
  • Dobäi kennt nach, datt dat wéineg Waasser dat de Léit zur Verfügung steet kontaminéiert ass, dat Sanitäranlage feelen, an doduerch Krankheeten sech liicht verbreede kënnen. An dëser Regioun stierwen all Joer Leit aus dëse Grënn.

Beneficiairen:Photoshop IND 0016

De Projet ass fir ländlech liewend Familljen an der Wüst vum Thar (12 125 Beneficiairen zënter 2011). Déi Familljen déi am meeschten Hëllef brauche ginn erausgesicht vu der Fondatioun an de Komiteeë vum Maharaja fir dass se kenne vu Bau vu Sanitäranlage profitéieren.

D’Aktivitéiten:

De Projet gesäit fir:

  • Bau vu Citernen
  • Bau vu Sanitäranlagen, wéi Duschen an Toilettë bei de Beneficiairen doheem
  • Opklärung a Sensibiliséierung fir t’Geréiere vu der neier Infrasruktur. Dobäi ginn Opklärungsversammlungen organiséiert, wou iwwert Hygiène geschwat gëtt. Bicher an Informatiounsbroschüre ginn dofir zur Verfügung gestallt.