Grënnung vun engem inklusive Schoulmodell an der Stad Ulan Bator duerch eng kollektiv Approche

Stand vum Projet : Am Gaang, finanzéiert ze ginn | Zuel vun de Beneficiairen : 3 Schoulen, mat jeeweils engem Schüler mat Handicap pro Schoul

Dauer vum Projet : 1 Joer

Uert : Ulan Bator, Mongolei

Lokale Partner

D‘ONG Intellektuell Kanner gouf am Joer 2013 gegrënnt. Hiert Zil ass, d’Erzéiung vu Kanner mat Handicap a Kanner vun anere benodeelegte Gruppen z’ënnerstëtzen an hir aktiv Participatioun an der Gesellschaft duerch pedagogesch Aktivitéiten ze garantéieren. D‘ONG huet zënter 2019 ugefaangen, sech op eng inklusiv Erzéiung vu Kanner mat Handicap ze fokusséieren, duerch eng Verbesserung vum Léierëmfeld souwéi duerch d’Opstelle vun engem individuellen Erzéiungsplang fir Kanner, déi vun Epilepsie an autistesche Stéierunge betraff sinn.

Kontext

An der Mongolei hu Persoune mat Behënnerunge méi e groussen Aarmutsrisiko wéinst kierperlechen, finanziellen a kulturelle Barrièren, déi hir Ausbildung a Kompetenzentwécklung limitéieren. Als Resultat hu si oft keen Zougang zu gudden Aarbechtsplazen an anere Forme vu sozialer Inclusioun. Vun de Persoune mat Behënnerungen am Aarbechtsalter sinn an der Mongolei manner wéi eng vu fënnef (19%) beschäftegt an eng vu fënnef huet d’Schoul net ofgeschloss.

D’Haaptursaache fir d’Schwieregkeete bei der Erzéiung vu Kanner mat Handicap sinn (i) e limitéierte physeschen Zougang zu de Schoulen an e Manktem u Material an Ekipement fir eng inklusiv Erzéiung; (ii) eng mëttelméisseg Qualitéit vun der Ausbildung fir Kanner mat Handicap, well et an de gewéinleche Schoulen u kompetentem Léierpersonal an un didakteschem Material feelt a well d’Léierpläng vereelzt sinn; an (iii) eng inadequat Ënnerstëtzung vun de gemeinschaftleche Servicer a Schoule fir eng inklusiv Erzéiung, wéinst enger negativer Astellung vun den Elteren an der Gesellschaft an engem Manktem u Verständnis.

D’Missioun

D’Zil vum Projet ass d’Grënnung vun inklusive Schoulmodeller an der Stad Ulan Bator mat enger kollektiver Approche, a gläichzäiteg déi gesellschaftlech Haltung vis -à -vis vun de Kanner mat Handicap duerch Opklärung, Ausbildung a Plädoyer ze verbesseren.

D’Aktivitéiten

  • Grënnung vu Supportteams an den dräi viséierte Schoulen, déi individuell Erzéiungspläng fir all Kand ausschaffen an ëmsetzen.
  • Dem Léier- a Schoulpersonal Formatiounen ubidden, fir d’Qualitéit vum Enseignement an deenen dräi Schoulen ze verbesseren.
  • Deenen anere Schüler aus den dräi viséierte Schoulen an hiren Elteren eng Formatioun ubidden, fir de sozialen Engagement vis-à-vis vum Handicap an de Schoulen ze verbesseren.
  • Op d‘Resultater vum Projet opmierksam maachen duerch Ronn-Dësch-Gespréicher mat den Entscheedungsdréier (Ministère fir Erzéiung a Wëssenschaft, Metropoldepartement fir Erzéiung, Entwécklungsinstitut fir Enseignanten, etc.) an duerch en Dokumentarfilm, dee wärend der Ëmsetzung vum Projet produzéiert gëtt.

D’Beneficiairen

Fir en inklusive Schoulmodell ze grënnen, bezitt sech de Projet op d’Beispill vun 3 Kanner mat verschiddenen Aarte vun Handicap. Sou wäert de Modell op am Ganze 46 449 Kanner mat visuellen (11 871), auditive respektiv sproochlechen (12 768) a kierperlechen (21 810) Stéierunge kënnen ugewannt ginn.