Cibléiert Noutaktioune fir d’Liewensmëttelsécherheet vu vulnerabele Leit a Sri Lanka, Madagaskar a Senegal z’assuréieren
Stand vum Projet : Lafend | Zuel vun de Beneficiairen : iwwer 12000 Kanner a Leit
Dauer vum Projet : 2022/2023 – 12 Méint
Uert :
Sri Lanka: Zentral Provënz, Westlech Provënz
Madagaskar: Analamanga, Antananarivo, Vakinankaratra
Senegal: Thies, Dakar
Projet, dee vum Lëtzebuerger Ausseministère finanzéiert gëtt
Lokal Partner
Sri Lanka: Palmen, Mencafep, LFA
Madagaskar: AAA, CADRI, Akany Fanantenana, Ikoriantsoa
Senegal: JED, Waranka
Kontext
Déi vulnerabelst Populatiounen a Sri Lanka, Madagaskar a Senegal riskéieren, hiren Zougang zu Liewensmëttel ze verléieren duerch déi héich Deierecht vun de Liewensmëttel als Konsequenz vum ofgebremste Wirtschaftswuesstem a Réckgang vum internationalen Handel wéinst der Covid-19 Pandemie, dem Krich an der Ukrain , an den extreeme Wiederevenementer, déi sech op déi landwirtschaftlech Produktioun niddergeschloen hunn. Dëst betrëfft besonnesch déi vulnerabel Leit, déi keng fest Aarbecht hunn a vu landwirtschaftlechen Aktivitéiten ofhänken. D‘Fraen an d‘Kanner vu monoparentale Stéit droen deen héichste Risiko. Als Konsequenz hu si manner z’iessen an hiert Iessen ass och manner räich u Närstoffer. Fir d‘Depense vun de Stéit ze sträichen, musse vill Kanner d’Schoul ofbriechen a schaffe goen, an der Landwirtschaft oder op aner Plazen.
D’Missioun
Haaptzil:
Eng quantitativ a qualitativ adequat Versuergung mat Liewensmëttel fir vulnerabel Leit assuréieren, besonnesch fir d‘Fraen an d’Kanner an enger prekärer Ernärungssituation a mat engem héije Risiko fir Ënnerernärung, als Konsequenz vun den internationale Krisen an dem Klimawandel.
Spezifescht Zil:
D’Resilienz vun de Stéit an de Gemeinschaften a Sri Lanka, Madagaskar a Senegal, déi vu Liewensmëttelonsécherheet betraff sinn, stäerken, andeems een hir Mëttel fir de Liewensënnerhalt verbessert an eng cibléiert Liewensmëttelhëllef garantéiert.
Aktivitéiten
- Punktuell a cibléiert Verdeelung vu Grondliewensmëttel u Stéit, déi en Ernärungsdefizit hunn
- Ënnerstëtzung vu Schoulkantinnen an Instituter fir de Kannerschutz a psychosozial Ënnerstëtzungsaktivitéiten
- Iwwerwaachung vum Ernärungszoustand vu schwangeren a nierende Fraen a vu Kanner ënner 5 Joer; Verdeelung vun ugeräichertem Bräi fir Risiko-Kanner; Zougang zur Gesondheetsversuergung fir Mammen a Kanner
- Ënnerstëtzung fir nei unzefänken oder Konsolidéierung vum Liewensënnerhalt vun de vulnerabele Stéit
- Stäerkung vu Gemeinschaftsstrukturen, déi den Zougang zu landwirtschaftleche Produktiounsmëttel an nohalteger Produktioun erliichteren an zur Liewensmëttelsécherheet bäidroen
Beneficiairen
12.574 Kanner, jonk Leit an erwuesse Persounen