Padem dans le monde


T’Mikroprojeten vu Padem

Momentan huet Padem 3 Mikroprojeten um laafen am Kamerun an an Indien.

T’Mikroprojeten sinn fir Padem eng nei Art a Weis fir ze schaffen. Normalerweis hunn eis Projeten en zimlech grousse Budget an verlaangen relativ schwéier administrativ Prozeduren. Kleng Projeten dogéint, dat heescht Projeten ënner 10000 Euro, ginn net vun den institutionnelle Donateuren (wéi EuropäeschKommissioun, betriblech Fondatiounen, Ministeren, Gemengen) ënnerstëtzt well des Projeten net den üblechen Prozeduren a Budgeten entspriechen. Mä de Besoin ass awer do.

Dofir huet padem decidéiert fir en Appel ze lancéieren fir esou « Miniprojeten » ze financéieren : mir sichen privat Donateuren, wéi Dir déi dat heiten grad liest, déi sëch bewosst sinn dass grad eng kleng Hëllef heinsdo vill kann bewirken. Et ginn esou vill Menschen denen hier Liewenskonditiounen sëch duerch e Mini-Geste vun ärer Säit dramatësch kënnen verbesseren. Mir verlangen hei wirklech net vill, well scho 60 Euro fir e Mikrokredit kënnen t’Liewen vun enger ganzer Famill nohalteg a signifikant verbesseren.

Dir sollt och wëssen , dass well Padem vum Ministère des Affaires Etrangères unerkannt ass, Dir 75% bis 100% vun äre Spenden steierlëch kënnt ofsetzen. En Don vun zum Beispill 100 Euro kascht Iech a Wirklechkeet also nëmmen 25 Euro oder … 0 Euro.