Wëllkomm um Site vu Padem

P1040875

Padem ass eng ONG di zum Ziel huet, t’Liewensbedéngungen vun de schwächsten Bevëlkerungsgruppen an den Entwécklungslänner, an zemools de Kanner, ze verbesseren. D’Aktiounen an t’Projeten zu dësem Zweck erstrecken sech iwwer Joeren an sinn baséiert op eng enk Zesummenaarbecht mat lokalen Partneren aus der Zivilgesellschaft. De Versuch t’fundamental Rechter vun dëse Bevëlkerungsgruppen duerchzesetzen steet dobäi am Virdergrond. Lokal Kulturen a Bräich ginn bei allen Aktiounen strikt respektéiert.

Eng ganzheetlech Approche

Mir analyséieren t’Problemer vun de Bevëlkerungen an hirem Kontext a versichen Léisungen ze fannen, déi net nëmmen eenzel Aspekter berücksichtegen, mä t’Liewenssituatioun an hirer Gesamtheet verbesseren. Nëmmen esou kënnen mir de wirklechen Besoin’en gerecht ginn an e laangfristeg staarken Impakt garantéieren. Well : wéi kann een hoffen de Kampf géint Kanneraarbecht ze gewannen wann een net Liewenskonditiounen vun hieren Elteren an hierem Ëmfeld verbessert ?

De Wëllen all Euro esou effizient wéi méiglech anzesetzen

Et muss een sëch emmer t’Fro stellen: wéivill Léit a welch Impakter kënnen mir mat de Suen déi mir zur Verfügung hunn erreechen? De Begrëff “Effizienz” as immens wichteg: all Euro muss esou nëtzlech wi méiglech agesat ginn! Umierkung: t’Kontoen vu Padem ginn all Joer auditéiert an all grousse Projet gët direkt lokal iwerpréift.