Noutfall-Aktivitéiten am Sri Lanka

Stand vum Projet : Ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 540 Familljen, dorënner 800 Kanner

Dauer vum Projet : 2022 / 6 Méint

Uert : Regioune vun de Plantatiounen am Zentrum vum Land : Nuwara Eliya a Batticaloa souwéi d‘Haaptstad Colombo

 Projet, deen duerch e Kadervertrag mam Lëtzebuerger Ausseministère  finanzéiert gëtt

Lokal Partner

Mencafep, Palm, Life for all Foundation

Kontext

De Sri Lanka erlieft seng schlëmmste Wirtschaftskris zënter der Onofhängegkeet, déi verstäerkt gëtt duerch de globale wirtschaftleche Kontext am Zesummenhang mat der Coronavirus Pandemie, dem Klimawandel, deen d’Liewensmëttelmäert destabiliséiert, an dem Krich an der Ukrain, deen eng ganz héich Inflatioun undreift (+ 54 % am Mäerz, bis zu 200 % fir de Reis oder Brennstoff). Well en net méi bezuele kann, ass et dem Sri Lanka och net méi méiglech, nei Suen ze léinen, fir seng kolossal Scholden (51 Milliarden Dollar) ze decken. D’Bevëlkerung leit säit Méint ënnert Stroumausfäll an engem schlëmme Manktem u Liewensmëttel, Brennstoff a Medikamenter, wat zu wochelaange meeschtens friddleche Protester géint d’Regierung geféiert huet. D’Loyaliste vum President hu sech géint d‘Demonstrante mobiliséiert, wouduerch et zu 7 Doudesfäll a méi wéi 200 Blesséierter koum. D’Police huet eng Ausgangsspär ordonéiert an de President huet den Noutstand ausgeruff.

D’Missioun

D‘PADEM huet sech virgeholl, hir zwee sri-lankesch Partner, déi an den Téiplantagë vun der Zentralregioun aktiv sinn, an ee Partner zu Colombo z‘ënnerstëtzen, fir Aktiounen op zwee Niveauen duerchzeféieren:

  • Direkt Aktiounen, fir vulnerabel Familljen an de Genoss vu Liewensmëttel a fundamentale Gesondheetsservicer ze bréngen a gläichzäiteg d’Educatioun vun de Kanner weider z’assuréieren.
  • Aktiounen, déi d’wirtschaftlech Widderstandsfäegkeet vun dëse Famillje mëttelfristeg ënnerstëtzen, duerch d’Verbesserung vun de Familljegäert an de Moyenen, déi zum Liewensënnerhalt bäidroen, souwéi d‘Diversifikatioun vun den Aktivitéiten, déi en Akommes assuréieren an domat en Deel vun der lokaler Wirtschaft sinn.

D‘Aktivitéiten

  • Op d’mannst 800 vulnerabele Kanner den Zougang zu Ernärungsmëttel, der Hygiène, der medezinescher Betreiung an der Erzéiung erlaben: Verdeelung vu Liewensmëttel, Hygiènesartikelen a Medikamenter, Ënnerstëtzung vun der Scolarisatioun vun de Kanner (50 % Meedercher/Jongen) duerch d‘Verdeelung vu Schoulmaterial an d‘Iwwerhuele vun deenen anere Käschten am Zesummenhang mat der Schoul.
  • Op d’mannst méi wéi 300 anere Famillje vun deenen, déi am Kader vum Projet identifizéiert goufen, erlaben, hir Fäegkeet ze verbesseren, fir en Deel vun hirem Iessen ze produzéieren an hiert Akommes z’erhéijen. De Famillje Geseems, Planzen a landwirtschaftlech Produktiounsmëttel fir de biologesche Geméisubau souwéi Handwierksgeschier an Ekipementer zur Verfügung stellen, fir datt se nees fir hire Liewensënnerhalt opkommen an esou  hiert produktiivt Kapital an hir Autonomie erhale kënnen. D‘Ënnerstëtzung vun der Diversifikatioun vun den Aktivitéite garantéieren, déi en Akommes duerch d‘Initiativë vu Mikro-Entreprisen generéieren.
  • Suivi vun der Situatioun vun de vulnerabele Kanner an Zesummenaarbecht mat de Sozialdéngschter, Suivi vum Kannerschutz als transversal Aktivitéit, duerch eng weider Mobiliséierung vun de gemeinschaftleche Reseauen an eng enk Iwwerwaachung vun der Situatioun vun de Kanner an Zesummenaarbecht mat de staatleche Servicer, an Ënnerstëtzung vun dem Fonctionnement (Liewensmëttelversuergung, Hygiène, Gesondheetsversuergung asw.) vu 6 sozio-pedagogeschen Zentren, déi 150 Kanner mat Behënnerungen ophuelen a betreien

D’Beneficiairen

540 Familljen, dorënner 800 Kanner