Verstäerkung vun de Kapassitéiten an autonomiséiere vu Fraen aus ländlecher Géigenden

Status : Ofgeschloss | Zuel un Beneficiairen : 1200 Fraen an 4000 Kanner

Lafzäit vum Projet : 2020/2022, 3 Joer

Wou? : Distrikt vun Ambohidratrimo, Communautéit vu Anosiala, Madagascar

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère


Lokale Partner

CADRI, 2004 gegrënnt vun der Madame Marie Randriamamonjy an hirem Mann Claude investéiert sech an déi sozio-ekonomesch Entwécklung vun der Communautéit vun Anosiala, an der Regioun vun Analamanga. CADRI geet huet eng ganzheetlech Approche an huet 45 Departementer opgebaut déi sech un verschidde Bevëlkerungsschichte riichte mam gemeinsamen Nenner, dass zu de Beneficiairen déi benodeelegste Persounen aus der ländlecher Géigend gehéieren. Folgen Departementer gi vu CADRI ënnerstëtzt :

    • T’Departement fir den allgemengen Enseignement (Primärschoul an 1. Partie vum Secondaire) fir Kanner tëscht 4 a 17 Joer, vun der Spillschoul bis an dat 3. Schouljoer
    • T’Departement fir eng professionell Ausbildung, fir eng praktesch Ausbildung an der Kunstschmiede, Holzhandwierk, Liederhandwierk an Artisanat. Och eng landwirtschaftlech Ausbildung gëtt ugebuede mat Fokus op Véizuucht.

<liT’Departement fir Sanitäres a Gemengschaftleches mat engem Centre d’Accueil fir Mamm a Kanner (CME), ausdeele vu KOBA AINA (« Bouillie de vie »: Mëschung vu Cerealen mat Vitaminnen hiergestallt am Madagaskar), Latrinen, d’Botzen an de Schutz vun der Ëmwelt

  • T’Departement fir Produktiounen Aktivitéite fir en Akommes ze generéieren (AGR) fir d’Eltere vun de Kanner, haaptsächlech am landwirtschaftleche Secteur an an der Véizuucht
  • T’Departement fir Sport a Kultur fir d’Kultur an Traditiounen nozebréngen

CADRI ass op Eegeninitiativ vu Leit hin entstanenen déi hir Kompetenzen asetze wollte fir benodeelegte Leit aus der Communautéit vun Anosiala ze hëllefen. Des Leit hunn sech zesummegedoen als « Associatioun fir d’Fërderung vu CADRI », si verwalten déi eenzel Departementer. Am CADRI Centre setzt d’Associatioun FVVH (Fikambanan”ny Vehivavy Vonona Handroso: Associatioun fir Fraen a Fortschrëtt) des koordinéiert d’Aktivitéiten an den eenzelen Departementer a gehéiert zum Reseau vun der Associatioun vu Fraen aus ländleche Géigenden aus der Communautéit vun Anosiala.

CADRI kritt keng staatlech Ënnerstëtzung a gëtt privat finanzéiert vu Memberen, Associatiounen, asw. …)

Déi 11 Dierfer mat deene CADRI zesummeschafft sinn iwwer e Radius vun 10 km verstreet, mat enger Bevëlkerung vu 5000 Awunner. Zanter 2004, also méi wéi 14 Joer ass CADRI déi eenzeg Struktur déi technesch Aktivitéiten, Ausbildungen a Medizinech Servicer fir Fraen ubitt).

De Problem

D’Fraen déi bei de CME/CADRI gi sinn zu 100% aus benodeelegte ländleche Géigenden. Si si Bauerinnen (65%) oder Vendeusen (14%), mee hunn wéineg Méiglechkeeten ze produzéieren a wéineg Akommes. Déi aner Frae sinn Hausfraen. Si si bestuet an ofhängeg vun hirem Mann, och finanziell. Gewalt doheem ass net seelen, 80% vun de Frae sinn ënner traditionelle Konditioune bestuet ginn an hunn kee legale Status, och hir Kanner net, dofir sinn hir Rechter limitéiert. Dobäi kennt dann och nach dass d’Situatioun vu Sanitäranlagen am Madagaskar schlecht ass. D’Fraen leiden ënnert Ënnerernierung an hunn keng Zougang zu propperem Drénkwaasser. Zu gudder lescht ass hire Bildungsniveau limitéiert (net méi héich wéi Primärschoulsniveau). 97% vun de Frae liewen an Aarmut, si musse schaffe goe fir sech finanziell onofhängeg ze maachen.

Ziler/Aktivitéiten

Global: Sozio-ekonomesch Entwécklung vun der Communautéit vun Anosiala, Zougang zu Servicer der d’Entwécklung vun de Frae fërderen.

Konkret: Beruffsausbildung a finanziell Onofhängegkeet, d’Santärsituation verbesseren, d’Liewensmettelsituatioun verbesseren. Ausbaue vun den vu CADRI fir d’Méiglechkeete vu Formatiounen an hir Servicer weider auszebauen.

  • Aktivitéit 1 : Equipement vun de Beruffsworkshops am CADRI (Artisanat, Véizuucht et Landwirtschaft) a vum Sall fir d’Formatiounen
  • Aktivitéit 2 : Technesch a professionell Ausbildung fir d’Aarbecht an der Landwirtschaft
  • Aktivitéit 3 : Aktivitéite fir Akommes ze fërderen, Fraen ënnerstëtzen hir Projeten ze verwierklechen
  • Aktivitéit 4 :Kapassitéite vum CADRI (Gebaier) verbesseren (Bâtiment), Landwirtschaftlech Parzellen installéieren an eng en Zentrum fir Akaf a Verkaf ariichten (d’Beneficer ginn un d’Fraen)
  • Aktivitéit 5 : Equipement vum CME

Beneficiaire

4000 Kanner, déi ënner Ënnerernierung leiden, 1200 Fraen, déi ekonomesch a sanitär an enger prekärer Situatioun liewen


Faire un don pour les femmes et les enfants de la commune d’Anosiala


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€