Pensionat zu Jodhpur 

Stand vum Projet: ofgeschloss | Zuel vun de Beneficiairen : 20 Meedercher pro Joer

Dauer vum Projet : 2017/2021, 5 Joer

Uert : Rajasthan, Duerf Setrawa, an der Wüst Thar, Indien

Finanzement vum Projet duerch en Accord-Cadre mam Lëtzebuerger Ausseministère

Lokale Partner

Sambhali Trust ass eng indesch Vereenegung, déi sech asetzt fir d‘Autonomie vun de Fraen a Meedercher an deene schwächste Gemeinschafte vu Jodhpur a Setrawa, engem ländleche Gebitt an der Wüst Thar, ze stäerken. Dat Zil soll duerch d’Educatioun an déi berufflech Formatioun erreecht ginn. D’Programmer vu Sambhali bidde gratis Coursen un an Hindi, Englesch a Mathematik, awer och Bitz- a Broderiecoursen, fir datt d’Fraen an d’Meedercher Kompetenzen entwéckelen, déi hinnen et erlaben, en Akommes ze hunn. Dës Prise en Charge huet als Haaptzil, d’Kapazitéite vun den „onberéierbare“ Fraen ze stäerken an hir ekonomesch a sozial Integratioun an d’indesch Gesellschaft z’erméiglechen.

D’Problematik

Am Rajasthan, wou déi traditionell Kultur nach déif an enger patriarchalescher Gesellschaft verankert ass, ginn d’Meedercher oft als Laascht fir d’Famill ugesinn an dofir ganz jonk bestuet, ouni datt se Zougang zur Bildung hunn. Dës Situatioun ass besonnesch an de ländleche Gebidder verbreet, wéi zum Beispill zu Setrawa, engem Duerf an der Wüst Thar, eng honnert Kilometer vu Jodhpur ewech.

Ziler/Aktivitéiten

De Projet gesäit fir, e Pensionat zu Jodhpur ze grënnen, wou 20 Meedercher tëschent 6 an 12 Joer solle scolariséiert ginn. No der Primärschoul solle se och nach d’Méiglechkeet kréien, fir weider an d‘Sekondärsschoul ze goen. Am Pensionat ass och fir eng besser Gesondheet vun de Meedercher gesuergt, well si do medezinesch betreit ginn, d‘Ernärung vu gudder Qualitéit ass a fréizäiteg Bestietnesser verhënnert ginn. Nieft der alldeeglecher Prise en Charge soll de Projet de Meedercher och d’Méiglechkeet ginn, sech  an engem waarmhäerzegen Ëmfeld z’entfalen. Eng Partie Benevoller bidden Nohëllefscoursen un, fir d’Meedercher z’ënnerstëtzen an hinnen och kulturell, artistesch a sportlech  Aktivitéiten z’erméiglechen.

D‘Beneficiairen

20 Meedercher tëscht 6 an 12 Joer an hir Familljen aus dem Duerf Setrawa, bei der Aweiung vum Pensionat, an duerno nach 20 weider Meedercher pro Joer


Faire un don pour les jeunes filles Dalits « Intouchables » de Setrawa


BILLLULL / IBAN : LU81 0021 1689 1320 2200


 

Personal Info

Donation Total: 10,00€